Réckbléck op eis eSanté-Informatiouns- versammlung fir Gesondheetsberuffler
Mëttwoch den 2. Juli 2025, huet am Auditorium vun den Hôpitaux Robert Schuman eng Informatiounsversammlung stattfonnt, déi vun der Agence eSanté organiséiert gouf.
Dës Veranstaltung huet vill Fachleit aus dem Gesondheetssecteur zesummebruecht, fir sech iwwer déi digital Gesondheetsservicer z'informéieren, déi hinnen zur Verfügung stinn.
Um Programm stoungen: D’Presentatioun vum elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé – DSP), dem elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique – CVE), de Paiement Immédiat Direct (PID) sou wéi och den Espace Européen des Données de Santé (EEDS)
D’Gesondheetsdirektioun war och vertrueden, fir d’Haaptlinne vum nationalen Impfprogramm virzestellen.
An der Diskussiounsronn duerno konnten d’Participanten an enger interaktiver a frëndlecher Atmosphär hir Froen direkt un d’Experte stellen. Den Owend ass mat engem Patt ofgeschloss ginn, deen e gemittleche Kader fir weider Gespréicher gebueden huet.
Fir keng vun eisen zukünftege Veranstaltungen ze verpassen, kuckt reegelméisseg an eise Kalenner: