Réckbléck op den Event « myDSP on tour » am Kulturhaus Syrkus

Informatiounsversammlung

Am Kader vun hirer Aktioun « myDSP on tour » huet d’Agence eSanté, a Kollaboratioun mam Club Aktiv Plus An der Loupescht, eng Informatiounsreunioun organiséiert, déi dem elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé) dediéiert war

Membre de l'Agence faisant présentation devant groupe

Den Event huet um 9:30 Auer am Kulturhaus Syrkus ugefaangen an huet vill interesséiert a motivéiert Leit ugezunn. D’Zil vun dëser Versammlung war et, d’Biergerinnen a Bierger – besonnesch déi eeler Generatioun – fir d’Wichtegkeet vum DSP am Kader vun hirem Gesondheetsparcours ze sensibiliséieren.

D’Diskussioun war interaktiv an informativ opgebaut, mat prakteschen Informatiounen iwwert d’Benotzung vum DSP a personaliséierten Äntwerten op d’Froe vun de Participanten.

Hutt Dir och Loscht, un enger vun eisen nächsten Informatiounsreuniounen deelzehuelen?
Kuckt an eisen Evenements-Kalenner eran a mellt Iech fir deen Datum un, deen Iech am beschte passt.