Pressekonferenz: Presentatioun vum Joresrapport 2023, dem „Cahier eSanté“ an de Perspektive fir 2025-2027
Dënschdes, de 5. November 2024, huet d'Agence op enger Pressekonferenz déi wichtegst Fakte vun 2023, den neie Statistesche Bulletin "Cahier eSanté" an d'strategesch Perspektive fir d'Period 2025-2027 virgestallt
De Marc Hostert, President vum Verwaltungsrot, an Ian Tewes, Generaldirekter vun der Agence eSanté, hunn d'wuessend Notzung vum eletronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé – DSP) ervir gehuewen, déi duerch d’Hannerleeë vun nei Type vun Doumenter, wéi den Historique vun Impfungen, dem elektroneschen Impfpass a medezinesch Berichter vu Patienten, déi am „Centre François Baclesse“ behandelt ginn. Datt Spideeler kierzlech opgehal hunn, medezinesche Biller op CD ze reproduzéieren, huet kloer dozou bäigedroen, datt den DSP vun de Gesondheetsberuffler a Patienten adoptéiert gouf.
Fir d'Transparenz vun den eSanté-Servicer ze fërderen, huet d’Agence och Publikatioun vu Statistiken am "Cahier eSanté" ee mol de Mount ugekënnegt, deen och um Portal www.esante.lu disponibel, an op der nationaler Plattform data.public.lu fräi zougänglech ass. Dëse Bulletin erméiglecht et reegelméisseg Schlësselzuelen vun den eSanté Servicer ze suivéieren.
Ofschléissend sinn d'strategesch Achse vum Contrat d’Objectifs et de Moyens fir 2025-2027 virgestallt ginn. Eng dovun ass ënner anerem d'Aféierung vum DSP „next Generation", deen den Ufuerderunge vum EHDS (European Health Data Space) ugepasst ass.
Liest méi:
Klickt hei fir de Pressematdeelung erofzelueden (op franséisch)
Klickt hei fir den interaktive Joresrapport 2023 erofzelueden (op franséisch)
Klickt hei fir de Statistesche Bulletin "Cahier eSanté" (09/2024) erofzelueden (op franséisch)