Presenz vun der Agence eSanté um Salon City Healthcare 2022
Agence
De 5. a 6. Oktober 2022 war déi 7. Editioun vum Salon City Healthcare zu Nanzeg, e féierenden Event an der Digitaliséierung vum Gesondheetswiesen. D'Agence huet als Aussteller u Konferenzen an Atelieren deelgeholl
Déi järlech City Healthcare ass en Héichpunkt vun der Innovatioun an der Digitaliséierung am Gesondheetssecteur. Op der Editioun 2022 vun dësem Salon gouf et ëm 50 Table Ronde, Konferenzen, Workshops an 90 Aussteller, dorënner d'Agence mat engem Stand deen se mat anere Partner gedeelt huer an déi zu Lëtzebuerg am Beräich eSanté an der Gesondheetsinnovatioun aktiv sinn.
Wärend deenen zwee Deeg sinn zwee Mataarbechter vun der Agence bei de folgenden Evenementer intervenéiert:
- en Atelier mam Titel "Stimulatioun vun der Produktioun an der Notzung vu Gesondheetsdaten fir Fuerschung, Innovatioun an Erzéiung"
- e Workshop iwwer ePrescriptioun
- eng Konferenz iwwer "D'Ambitioune vun de franséische Metropolen am Beräich vun der digitaler Gesondheet"
Dës Ausstellung huet et der Agence erlaabt hir Erfarungen ze deelen an de verschiddenen digitale Gesondheetsspezialisten aus dem Grand Est an aus anere franséische Regiounen e besseren Iwwerbléck iwwer déi Lëtzebuerger digital Servicer ze ginn.