Participatioun un engem Event iwwer digital Transformatioun

Agence

En Dënschdeg, de 17. Januar huet d'Agence eSanté um "State of Healthtech" deelgeholl fir en ëmfaassenden Iwwerbléck iwwer de Stand vun der Aféierung vun de Gesondheetstechnologien zu Lëtzebuerg ze ginn
 

Participation à un événement sur la transformation numérique

Eng 60 Leit hunn un dräi Diskussiounsronnen deelgeholl, déi sech mam Fortschrëtt zu Lëtzebuerg vun der digitaler Transformatioun vum Gesondheetssecteur, d'Wichtegkeet vum Ökosystem fir dës Transformatioun z'ënnerstëtzen an de verschiddenen Initiative fir d’Innovatioun ze fërderen, beschäftegt hunn.

Dësen Event war och d‘Geleeënheet fir e puer vun den existenten Ënnerstëtzungsmechanisme fir d‘Gesondheetstechnologien ze presentéieren. Ënnert de Spriecher war och de Frédéric Markus, Vize-COO vun der Agence eSanté, deen un den Diskussiounen iwwer den "Ecosystem" deelgeholl huet.

Fir weider Informatiounen zu dësem Event, klickt:
- hei fir den Artikel op der Silicon Luxembourg Websäit 
- hei fir de Video