Onsen eConsult Service ënnerstëtzt d'Membere vun der Amicale de l'INCCI

Agence

D'Agence eSanté stellt der „Amicale de l'INCCI“ hiren Telekonsultatiounsservice zur Verfügung, fir hinnen online Berodungen ze erméiglechen.
 

Notre service eConsult en soutien aux membres de l’Amicale de l’INCCI

D'Haaptzil vun der „Amicale de l'INCCI“ ass et d'INCCI Patienten an hir Famillje virun, wärend an no Häerzoperatioune ze ënnerstëtzen an ze begleeden. Fir dës Ënnerstëtzung a Begleedung fir d’Patienten esou zougänglech wéi méiglech ze maachen, sinn d'Membere vun hirem fräiwëllege CAREsharers Team fir perséinlech- an Videokonsultatiounen verfügbar. Fir esou Videokonsultatiounen ze erméiglechen, huet d'Agence eSanté hinnen eConsult, hiren Telekonsultatiounsservice zur Verfügung gestallt, an un hir Besoinen ugepasst.

Am selwechte Bestriewe fir Häerzpatienten ze begleeden, hält d'Amicale och Virträg an Informatiounssëtzungen. Aus dësem Grond organiséiert si bei Geleeënheet vum "Weltdag vum Häerz 2022" d'Konferenz mam Titel "La prise en charge de l'arrêt cardiaque: qu'en est-il au Luxembourg?" déi den 29. September 2022 am Amphitheater vum CHL stattfënnt. D'Agence eSanté wäert mat engem Stand vertruede sinn fir d'Participanten iwwer déi verschidden eSanté Servicer ze informéieren, déi zum Suivi an der Koordinatioun vun der Gesondheetsariichtung bäidroen, dorënner ënner anerem den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP-Dossier de Soins Partagé).

Klickt hei fir de Programm an d'Umeldung fir d'Konferenz