Nei Rubrik fir en neit Departement

Agence

Op eisem Portal ënnert der Rubrik "Infos e-santé" fannt Dir elo eng Säit mat Informatioun iwwer eQualis - engem neien Departement vun der Agence eSanté
 

logo eQualis

eQualis ass en Testlaboratoire, deen de verschiddenen Acteuren am Gesondheets-, IT- an ëffentleche Secteur en Ëmfeld bitt fir Tester a Konformitéitskontrollen iwwer Interoperabilitéit an Informatiounssécherheet duerchzeféieren.
 
Als Deel vun engem éischte Projet, geleet vun eQualis, dee mat der Bewäertung vun der Cybersécherheet am Gesondheetsberäich zesummen hänkt - genannt CESAR (Cybersecurity Assessment Reporting in Healthcare) - ginn d'Dokteren invitéiert en Online Questionnaire auszefëllen. Dësen erlaabt hinnen eng Selbstbewäertung am Beräich vun der Datesécherheet ze maachen a geziilt Recommandatiounen ze kréien fir den Niveau vun der Sécherheet vun de Gesondheetsinformatiounen déi se veraarbechten, ze verbesseren.

Méi Informatiounen iwwer eQualis oder de CESAR Projet? Klickt hei.