Joresrapport no der hallefjärlecher Reunioun vum „Comité national d'identitovigilance“

Agence

Den 18. Abrëll 2023 huet d’“Cellule nationale d'identitovigilance“ den éischten „Comité national d'identitovigilance“ vum Joer organiséiert, an hire Joresrapport 2022 ass elo verfügbar
 

doigt qui touche un écran avec icône verrou

Dës Reunioun déi zweemol järlech stattfënnt, bréngt d'Responsabel vun der Identitéitskontrollautoritéit vun de Lëtzebuerger Gesondheetsariichtungen zesummen, déi am nationale Patientidentifikatiounsregister registréiert sinn.

D'Zil ass et sech iwwer déi bescht Praktiken auszetauschen, fir d'Sécherheet vun der Patientidentifikatioun am Laf vun der Behandlung ze verbesseren. Am Sënn vum Austausch an der kontinuéierlecher Verbesserung, huet de nationale Staatslaboratoire d’Reunioun vum „Comité national d'identitovigilance“ lancéiert, andeems se hir Problematik an d'Aarbecht fir d'Identifikatioun vu Patienten presentéiert huet.  D’“Cellule nationale d'identitovigilance“ huet dunn hire Joresrapport  vun 2022 virgestallt a validéieren gelooss. Ofschléissend huet de Kommittee iwwer d'Reform vun der nationaler Charta fir d'Identitéitskontrollen, déi gemeinsam Reegele fir d'Identifikatioun vun de Patiente festleet, diskutéiert.

Fir dësen Joresrapport 2022 erofzelueden, klickt w.e.g. hei.