Regimail / Regibox

Regimail

Et handelt sech ëm e Service fir E-Mailen ze verschlësselen an ze entschlësselen, deen et dem Gesondheetsdéngschtleeschter méiglech mécht Gesondheetsinformatiounen op enger héich securiséierter Aart a Weis auszetauschen. Déi verschéckt Norichte gi verschlësselt iwwerdroen an kënnen doduerch nëmme vum deem, deen se verschéckt huet, an dem Empfänger gelies ginn.

Dëse Service, dee vun der Firma Regify ugebueden an zu Lëtzebuerg gehost gëtt, ass zënter 2014, wou d’eSanté-Plattform a Betrib gestallt gouf, operationell a gëtt den Ament vu méi wéi 15.000 Leit benotzt.

Regimail ass fir all Gesondheetsberuffler, déi zu Lëtzebuerg praktizéieren, gratis. De Guide d’utilisation deen hei ënnen erwähnt gëtt, beschreift wéi Dir Accès do drop kritt.

Regibox

E weidere Service deen vum selwechten Betriib ugebuede gëtt, a vun ëmmer méi Gesondheetsstrukturen a Gesondheetsfachleit benotzt gëtt, ass de Service Regibox. Deen erméiglecht et de Benotzer op eng sécher Aart an Weis mateneen zesummen ze schaffen an och Daten auszetauschen. Regibox gouf an verschidde Softwarepackagen fir d‘Verwaltung vun Dokteschpraxen integréiert an gëtt vun alle Laboratoiren zu Lëtzebuerg (BioNext, Laboratoires Réunis, Ketterthill, Laboratoire National de Santé) fir d'Iwwermëttlung vu Rapporten benotzt. Donieft gëtt de Service och vun de Laboratoiren an den Zentre fir medezinesch Bildgebung vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch, Centre Hospitalier du Nord an Centre Hospitalier de Luxembourg genotzt.