Sam 26 Sep
eSanté Event

Journée des Futurs Médecins (Dag vun den zukünftegen Dokteren)

Den 26 September 2026
Lycée de Garçons de Luxembourg (41A, avenue Victor Hugo, Limpertsberg) ab 13h30

Dësen Dag déngt als Plattform fir den Austausch tëscht Beruffstätegen a Leit an der Ausbildung, a soll souwuel Medezinsstudenten ewéi och de Schüler déi villfälteg Karriärsméiglechkeeten am medezinesche Secteur zu Lëtzebuerg méi no bréngen.

D’Agence eSanté ass mat engem eegene Stand op dësem Event vertrueden, fir hir Missiounen an Déngschtleeschtunge virzestellen an op Froe vu jonke Leit anzegoen, déi sech fir d’Digitaliséierungsinitiativ am Gesondheetssecteur zu Lëtzebuerg interesséieren.