Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" hëlt d’Agence eSanté an Zesummenaarbecht mat Golden Me, un engem vun hire SmartCaféen deel.
Wärend dësem gemittlechen Nomëtteg sti Fräiwëlleger bereet, fir Participanten ze hëllefen, déi Schwieregkeete mat hirem Smartphone, Tablet oder engem aneren digitalen Apparat hunn.
Persounen, déi méi iwwer den DSP (Dossier de Soins Partagé - elektronesche Gesondheetsdossier) wëlle gewuer ginn, kënnen och op d’Hëllef vu Mataarbechter vun der Agence eSanté zielen, déi op der Plaz sinn, fir si Schrëtt fir Schrëtt bei der Benotzung ze begleeden.
