Dën 09 Jun
Informatiounsversammlung

Actioun "myDSP on tour" - Nordstad Aktiv+ (op Lëtzebuergesch)

Den 09 Juni 2026
École primaire de Diekirch (Rue des Écoles, L-9265 Diekirch) 16h30 - 18h30

Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mat Nordstad Aktiv+, eng Informatiounssëtzung iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé).

Dës Sessioun wäert ënner anerem déi follgend Froe behandelen: Wat ass den DSP? Woufir gëtt e gebrauch? Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler? Wéi benotzen ech en? A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?