Fre 06 Mäerz
Informatiounsversammlung

Actioun "myDSP on tour" - Gemeng Betzderf (op letzbuergesch)

Den 06 Mäerz 2026
Kultuhaus Am Syrkus - 20 Rte de Luxembourg, 6910 Roodt-sur-Syre Betzdorf ab 14h00

Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mat der Gemeng Betzderf am Kader vun hirme "Digitaldaag", eng Informatiounssëtzung iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé).

Dës Sessioun wäert ënner anerem déi follgend Froe behandelen: Wat ass den DSP? Woufir gëtt e gebrauch? Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler? Wéi benotzen ech en? A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?