Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mam Club Haus Op der Heed, eng Informatiounssëtzung iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé). Dës Sessioun wäert ënner anerem déi follgend Froe behandelen: Wat ass den DSP? Woufir gëtt e gebrauch? Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler? Wéi benotzen ech en? A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?
Umeldungen si méiglech per Telefon op der Nummer 99 82 36 oder per E-Mail op info@opderheed.lu