Mët 01 Jul
Informatiounsversammlung

Actioun "myDSP on tour" - Club Aktiv+ Schifflange

Den 01 Juli 2026
Club Haus beim Kiosk - 11-15, rue C.M. Spoo L-3876 Schifflange ab 14h00

Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mam Club Aktiv + Schifflange, eng Informatiounssëtzung iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé).

Dës Sessioun wäert ënner anerem déi follgend Froe behandelen: Wat ass den DSP? Woufir gëtt e gebrauch? Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler? Wéi benotzen ech en? A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?