Dën 02 Jun
Informatiounsversammlung

Actioun "myDSP on tour" - Club Aktiv+ Atertdall

Den 02 Juni 2026
11 Grand-Rue, 8510 Redange-sur-Attert ab 09h30

Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mam Club Aktiv+ Atertdall, eng Informatiounssëtzung iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé).

Dës Sessioun wäert ënner anerem déi follgend Froe behandelen: Wat ass den DSP? Woufir gëtt e gebrauch? Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler? Wéi benotzen ech en? A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?