eSanté Servicer, e wichtege Bestanddeel vum Gesondheetsökosystem

Presseartikel

Dëst sinn d'Titelen vun den Artikelen, déi am "Semper" a "Letz be healthy" - zwou féierend Gesondheetszäitschrëften zu Lëtzebuerg erauskomm sinn
 

couverture magazines

D'Publikatioune sinn Deel vun enger Kommunikatiounscampagne lancéiert vun der Agence eSanté fir d'Visibilitéit vun den digitale Gesondheetsservicer ze erhéijen, besonnesch säin Haaptservice, den Dossier de Soins Partagé (DSP).

„ Letz be healthy" ass e Magasinn deen ee Mol de  Mount erauskënnt, an an Apdikten a Waardesäll an de  Spideeler, Dokteschpraxen a Gesondheetsariichtungen verdeelt gëtt. "Semper" ass e Magasinn fir d’medezinesch Personal zu Lëtzebuerg (Generalisten, Spezialisten, Zänndokteren, Apdikter an Intressevertrieder aus dem Gesondheetssecteur). Den Artikel bericht och iwwer aner eSanté-Servicer, déi hinnen zur Verfügung stinn, wéi zum Beispill den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Electronique - CVE), de WSE an den DOMI, a liwwert e puer Statistiken, déi d'Benotzung vun dëse Servicer reflektéieren.

Hei fannt Dir d'Linken op déi zwee Artikelen:
Artikel am Semper
Artikel am Letz be healthy

Wëllt Dir méi iwwer den DSP oder aner eSanté Servicer gewuer ginn?
Hei fannt Dir weider Informatiounen.