Digitaliséierung vum Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg: Schlësselpunkten aus engem Interview mat eisem President

Agence

De Marc Hostert, neie President vun der Agence eSanté, huet de 27. Oktober 2023 am Radio 100,7 en Interview iwwert d’Fortschrëtter vun der Digitaliséierung am Gesondheetswiesen zu Lëtzebuerg geschwat
 

Marc Hostert au micro de 100,7

Hei e puer vun de Schlësselpunkten déi ugeschwat goufen:

Fortschrëtter vun der Digitaliséierung am Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg: Den Här Hostert huet fir d'éischt en Iwwerbléck iwwer d'Fortschrëtter vun der Digitaliséierung am Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg ginn. Hien huet betount, datt trotz de Fortschrëtter nach Loft no uewen ass, fir eng optimal Digitaliséierung z'erreechen. Lëtzebuerg ass awer decidéiert d’Technologie ze notze fir d’Gesondheetsfleeg ze optimiséieren.

Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP – Dossier de Soins Partagé): E wichtegen Aspekt vun dësem Interview war den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP). Den Här Hostert huet d'Virdeeler vum DSP fir Patienten a Gesondheetsspezialisten erkläert, an e puer Haptpunkten ervirgehuewen, dorënner de Fakt datt manner wéi  0,2% vun den Dossieren zougemaach goufen, an an der Moyenne Zuel vu Konsultatiounen sech ongeféier op 48.000 pro Mount beleeft. Hien huet och op d'Potenzial vun den Donnéeën, déi an den DSPen enthale sinn higewisen, déi, anonymiséiert, national Statistiken generéieren an esou dëse Service zu engem ëffentleche Gesondheetsinstrument maachen.

Paiement Immédiat Direct (PID): En anert Thema am Interview war de Paiement Immédiat Direct (PID), dat d'Bezuele vun Dokteschrechnunge vereinfache soll an dem Assurée den Avantage bitt, datt en net méi de volle Betrag muss virstrecken, mee nëmmen deen Deel deen e selwer muss droen, bezilt.Den Här Hostert huet betount wéi wichteg d’Roll vun de Gesondheetsberufler-Software Ubidder fir dëse Service wier, an iwwert de finanziellen Ureiz, dee vun der Agence eSanté ugebuede gëtt, fir se ze encouragéieren bei dëser digitaler Transitioun matzemaachen.

D'Zukunft vum digitalen Prescriptiounsservice: Zum Schluss huet den Här Hostert och nach iwwert d'Fortschrëtter bei der Ëmsetzung vum zukünftegen ePrescriptiounsservice geschwat an déi leschte Schrëtt, déi nach néideg sinn, fir datt dëse Service reell ëmgesat ka ginn.

De ganzen Interview op Lëtzebuergesch fannt Dir ënnert folgendem Link:
    https://www.100komma7.lu/news/Invite-vum-Dag-Marc-Hostert?pd=noriichten