Digitaliséierung fir jiddereen: D’Agence eSanté engagéiert sech fir eng vernetzt an inklusiv Gesondheet

Agence

Dëse Samschdeg, de 17. Mee 2025, huet d’Agence um Salon fir digital Inklusioun – enger Veranstaltung, déi der Demokratiséierung vun digitalen Tools gewidmet ass - deel geholl.

Membre de l'Agence sur stand avec deux visiteurs

Mat hirer Participatioun konnt d’Agence hir Initiativen ervirhiewen, déi dorop ausgeriicht sinn, digital Gesondheetsservicer fir jiddereen zougänglech ze maachen.

Zu de wichtegste Moossname gehéieren: 

  • e méisproochegt Portal, dat och fir Leit mat enger visueller Behënnerung entwéckelt gouf
  • tutorials a verschiddene Sproochen, déi den Zougang zu digitale Gesondheetstools vereinfachen
  • d’Aktioun MyDSP on tour, Informatiounsversammlungen an Zesummenaarbecht mat Associatiounen a Gemengen
  • de "Pack Premier Pas eSanté" (PPP), eng Formatioun a klenge Gruppen, déi sech un nei zu Lëtzebuerg etabléiert Gesondheetberuffler riicht

Dës Initiativen ënnersträichen den Engagement vun der Agence fir eng inklusiv digital Gesondheet, déi jidderengem d‘Ressource gëtt, fir déi digital Gesondheetsservicer zu Lëtzebuerg effizient ze notze.