De Mount Oktober ënnert dem Zeechen vun der Cybersécherheet
De Mount Oktober ass wéi alljoers säit 2013 mam Thema Cybersécherheet verbonnen.
Em déi europäesch Bierger un der digitalescher Sécherheet ze sensibiliséieren, hunn sech déi europäesch Memberstaaten zesummegeschléisst, ëm dësen Thema ze thematiséieren, deen an enger Welt, wou d’Digitaliséierung all Secteuren betrefft, bäihuelend an Bedeitung gewënnt.
Déi digital Sécherheet beschränkt sech net nëmmen op ganz komplex Kryptologiealgorithmen, et handelt sech och oder virun allem ëm ganz einfach Praktiken an Verhalensweisen, déi deeglech, doheem oder op der Aarbecht, ugewannt ginn. D’Ausgab 2019 vun dëser jäerlecher Sensibiliséierungskampagne vun der EU zur Promotioun vun der Cybersécherheet vun den Bierger an Organisatiounen konzentréiert sech op zwee Themen - Komputerhygien an Technologien déi entstoen wäerten – an d’zielt dorop hin, d’Bierger dozou ze encouragéieren, deeglech Komputerhygiensgewunnechten ze entwéckelen an verantwortungsbewossten Verhalen beim Kaf vun neien verbonnen Objeten ze iwwerhuelen.
Ons Land esou wéi d’EU-Agentur fir Cybersécherheet (ENISA), déi europäesch Kommissioun an d’Memberstaaten wäerten dës Kampagne am Laf vum Mount Oktober leeden.
Zu Lëtzebuerg ass den Wirtschaftsministère den lokalen Koordinator vum europäeschen Mount vun der Cybersécherheet.
Fir déi 3. lëtzebuergesch Ausgab vun der „Cybersecurity Week“, déi vum 15. bis den 25. Oktober 2019 stattfënnt, schléisst sech och Lëtzebuerg dëser Initiativ un. Bal 40 Evenementer, Konferenzen a Workshops gi vun ongeféier 50 Institutiounen, Entreprisen an Verbänn organiséiert. Dir kënnt op dësem Link klicken, fir den Programm ze entdecken.