De Claude Haagen hëlt deel um éischten internationale Colloque, organiséiert vun der Agence eSanté

Agence

Den Dënschdeg 6. Dezember 2022 huet d'Agence eSanté hiren éischten internationale Colloque zum Thema Anonymiséierung ofgehalen

Premier colloque international organisé par l’Agence eSanté

Verschidden Experten hunn op dësem Event zum Thema "Anonymiséierung am digitalen Zäitalter: Mythos oder Realitéit?"deen a véier Sproochen ofgehalen gouf (Franséisch, Englesch, Däitsch a Spuenesch), geschwat. No engem Begréissungswuert vum Minister vun der Sécurité sociale, dem Här Claude Haagen, an enger Aféierung an deem Kontext vum Här Hervé Barge (Generaldirekter vun der Agence eSanté), huet de Professer Yves-Alexandre de Montjoye vum Imperial College from London seng Analyse an Expertise zu dësem Thema, deen esou relevant wéi och sensibel ass, virgestallt. Duerno gouf et eng Presentatioun vun der Dr. Raffaella Vaccaroli (stellvertriedend COO, Agence eSanté) iwwer d'Benotze vun engem DataLake, fir den DSP an e SmartDSP ze verwandelen.

Déi juristesch a reglementaresch Säit zu dësem Thema gouf vun den Affekoten Michel Molitor a Virginie Liebermann (Cabinet Molitor) a vum Här Julien Sassella (Dateschutzbeoptragten, Agence eSanté) presentéiert. D’Madame Tilly Metz, Europadeputéiert, huet iwwer déi politesch Visioun vun Europa am Zesummenhang mat der Entwécklung vum Europäesche Gesondheetsdatenraum an am Hibléck vum GDPR geschwat.

Dunn huet den Emmanuel Bacry (wëssenschaftlechen Direkter vum Health Data Hub "HDH" Frankräich) iwwer d'Méiglechkeet vun der Veraarbechtung fir sekundär Zwecker geschwat an d'Mireille Zanardelli (IGSS Luxembourg) iwwer den Aspekt vum Schutz vun eenzelen Donnéeën. D'Danielle Becker-Bauer (Vizepresidentin vum „Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois) huet den Event mat enger Schlussfolgerung ofgeschloss, an där si déi zentral Roll vun der Anonymiséierung an eisem digitalen Zäitalter ënnersträicht.

Déi méi wéi 90 Leit aus 9 verschiddene Länner, déi un dësem éischte Colloque organiséiert vun der Agence eSanté, sief et en présentiel oder iwwer Videokonferenz, deelgeholl hunn, wäerte sécherlech mat grousser Opmierksamkeet de Fortschrëtt verfollegen, deen um nationalen an europäeschen Niveau am Beräich vun der Anonymiséierung vun de Gesondheetsdate gemaach gëtt a fir eng stänneg Verbesserung vu der medezinescher Betreiung vun de Patienten suergen soll.

Sidd Dir fir um Thema interesséiert?
D'Presentatioune goufen opgeholl a kann hei gekuckt ginn.