De Benelux eHealth Aarbechtsgrupp informéiert sech iwwer de Lëtzebuerger Gesondheetsdatenaustauschsystem

Agence

Den 13. Oktober sinn op Invitatioun vun der Agence eSanté eng zéng Membere vum Benelux-Aarbechtsgrupp "eHealth" op Lëtzebuerg gereest fir de Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) zu Esch-Uelzecht ze besichen
 

Le groupe de travail eHealth du Benelux s’informe sur le système de partage de données de santé luxembourgeois

D'Initiativ "Benelux" geet zeréck op en tëschestaatlecht Kooperatiounsofkommes tëscht der Belsch, Holland a Lëtzebuerg. Am Kader vun hiren Aktivitéiten gouf en Aarbechtsgrupp gegrënnt, dee sech op d’Vereinfache vun der medezinescher Versuergung am Ausland an der Benelux-Regioun konzentréiert, besonnesch duerch bessere grenziwwerschreidenden digitalen Austausch vu Gesondheetsdonnéeën.

Als Virreider am Benelux fir dës Zort Austausch gouf Lëtzebuerg invitéiert ze demonstréieren, wéi de Lëtzebuerger Gesondheetsdatenaustausch an der Praxis funktionéiert. D’Agence eSanté huet sech gefreet si beim Besuch am Centre Hospitalier Emile Mayrisch ze begleeden, ee vun de Referenz-Spideeler zu Lëtzebuerg, déi déi verschidde Servicer vun der eSanté-Plattform benotzen, dorënner besonnesch den DSP (Dossier de Soins Partagé). Dëst erlaabt den Austausch vu Gesondheetsdaten tëscht Patienten a Gesondheetsspezialisten, déi um Gesondheetsparcours am an ausserhalb dem Spidol involvéiert sinn. Dës Erfarung fir Gesondheetsdaten op nationalem Niveau zu Lëtzebuerg ze deelen, weist op den Austausch vu Gesondheetsdaten hin, deen op grenziwwerschreidendem Niveau kéint geschéien.