D'Agence eSanté presentéiert hire Joresrapport 2022 a seng Servicer op enger Pressekonferenz

Agence

Dëse Mëttwoch, den 8. November 2023, hunn de President vum Verwaltungsrot vun der Agence eSanté, Marc Hostert, an den neie Generaldirekter, Ian Tewes, de Joresrapport 2022 virgestallt an en Iwwerbléck iwwer d’eSanté-Servicer ginn, déi vun der Agence ugebuede ginn
 

Conférence de presse Agence eSanté

Ënnert den aussergewéinlechen Innovatiounen fir 2022 hu se d'Aféierung vum elektroneschen Impfpass (CVE - Carnet de Vaccination Electronique) an der mobiler App "myDSP" genannt. Si hunn erkläert datt zënter de Service lancéiert gouf, méi wéi 27,000 CVE opgemaach goufen a méi wéi 139,000 Impfunge registréiert goufen. D'Benotzung vun DSP ass och wesentlech eropgaang. Iwwwer 3,400 Gesondheetsberuffler krute vun hire Patienten e permanenten Zougang op hier Gesondheetsdonnéeen.
 
D'Presentatioun huet och aner eSanté Servicer beliicht, sou wéi den DOMI Service fir infectiéis Krankheeten ze mellen an den Externen Web Service (WSE) fir d'Affiliatounen vun de Patienten bei der Sozialversécherung an d'Verschreiwungsrecht vun den Dokteren ze iwwerpréiwen. Dës Servicer ginn ëmmer méi vun de Gesondheetsberuffler benotzt.
 
Déi lafend Virbereedunge fir zukünfteg eSanté Servicer, notamment der ePrescriptioun, goufen och ugeschwaatt. Um Enn hunn d'Spriecher betount, datt den Erfolleg vun den eSanté-Servicer net nëmmen vun der Agence ofhänkt, mee och vum Bäitrag vun den aneren Akteuren am Gesondheets-Ökosystem, besonnesch aus enger reglementarescher an technescher Perspektiv.
 

Klickt hei fir d'Pressematdeelung erofzelueden
Klickt hei fir d'Presentatioun erofzelueden
Klickt hei fir de Joresbericht erofzelueden