D’Agence eSanté presentéiert déi wichtegst Evenementer vum Joer 2024 a leet eng nei strategesch Phase an

Agence

De Mëttwoch, 2. Juli 2025, huet d’Agence eSanté d’Press an hir nei Raimlechkeeten zu Stroossen invitéiert, fir hiren Aktivitéitsrapport 2024 virzestellen, zesumme mat den Haaptzuelen zu hiren Servicer an den Ausbléck op d’Zukunft am Kader vun hirer strategescher Neiorientéierung

Membres de l'Agence et jounalistes autour d'une table

Bei dëser Geleeënheet hunn de Marc Hostert, President vum Verwaltungsrot, an den Ian Tewes, Generaldirekter, verschidde wichteg Fortschrëtter am Beräich vun der digitaler Gesondheet zu Lëtzebuerg presentéiert.

Zu den Héichpunkte vum Joer 2024 zielen:

  • Staarken Zouwuess bei der Notzung vum elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP): Dank Mesure wéi dem Ofschafe vu CDe fir medezinesch Bilddaten an der automatescher Iwwermëttlung vun Entloossungsbréiwer duerch d'Spideeler ass d’Notzung vum DSP bei de Patienten ëm 73 % a bei de Gesondheetsberuffler ëm 105 % geklommen.
  • Succès vum System „Remboursement accéléré/Paiement immédiat“: Dëse Projet, ëmgesat am Optrag vun der Nationaler Gesondheetskeess (CNS), huet d’Akzeptanz vun der Plattform bei de Gesondheetsberuffler gefërdert.
  • Verstäerkten Asaz vum elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique - CVE): +59,8 % méi CVEen am Joer 2024 an e Plus vu méi wéi 86 % bei den enregistréierten Impfdaten.

D’Agence huet och mat der Entwécklung vum DSP New Generation ugefaangen an en Entworf fir e Kaderdokument („Blue Print“) ausgeschafft, dat den europäesche Standarden an den Ufuerderunge vum European Health Data Space (EHDS) entsprécht, fir e sécheren an harmoniséierten Austausch vu Gesondheetsdaten op europäeschem Niveau ze erméiglechen.

Mat dësen Haaptelementer gouf eng zolidd Basis geschaf, fir d’eSanté-Servicer weiderz'entwéckelen a méi Sécherheet, Interoperabilitéit an e méi einfachen Zougang zu Gesondheetsdate fir all Bierger ze garantéieren.

Liest de Joresrapport 2024

Entdeckt de „Cahier eSanté" vum Mee 2025