D'Agence eSanté presentéiert de Bilan vum DSP op der Pressekonferenz vum Ministère fir Sozial Sécherheet

Agence

De 26. September 2023 hunn de Minister vun der Sozialer Sécherheet, Claude Haagen, esouwéi Vertrieder vun de verschiddenen Entitéite vun der Sozialer Sécherheet an der Agence eSanté, déi neiste Fortschrëtter an der Digitaliséierung vun der Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg virgestallt
 

Table avec ministre et autres intervenenants

Bei dëser Geleeënheet konnten eis Kolleegen Raffaella Vaccaroli, Chief Operating Services Officer Adjointe, an den Dr. Laurent Vandenhove, Responsabele vum Projet DSP, e puer Schlësselzifferen presentéieren, déi d'Benotzung vum elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) vun de Gesondheetsberuffler a Patiente reflektéieren.

Ausserdeem hu si dat innovativt Konzept vum "Smart DSP" virgestallt, deem säin Haaptzil et ass d'Benotzung vun disponible Gesondheetsdaten ze optimiséieren fir d'Koordinatioun an d'Verbesserung vun der medizinescher Versuergung vun all de Gesondheetsspezialisten, déi an der Patientefleeg involvéiert sinn, ze verbesseren. Speziell ass de "Smart DSP" geduecht fir op Grond vum Benotze vun Ufroe vun Donnéen die net identifizéierbar sinn, d‘Gesondheetsberuffler a Beräicher wéi d'Diagnostik a Gestioun vu komplexen a chronesche Krankheeten z'ënnerstëtzen.

Wärend dëser Pressekonferenz hunn aner Acteuren aus der Sozialer Sécherheet zu Lëtzebuerg, notamment d’"Inspection générale de la sécurité sociale" (IGSS), de "Centre commun de la sécurité sociale" (CCSS), d’"Caisse nationale de pension" (CNAP) an d’"Gesondheetskeess" (Caisse nationale de santé (CNS), hir jeeweileg nei digital Servicer virgestallt. Zousätzlech gouf eng Live Demonstratioun gemaach, déi d'Fonctionnement vum « Paiement Immédiat Direct «  (PID) aus Siicht vun der Software fir Gesondheetsberuffler gewisen huet.

Weider Informatiounen ?

Klickt hei fir déi vollstänneg Pressematdeelung vum Ministère vun der Sozialer Sécherheet ze liesen.

Klickt hei fir d‘Presentatioun, déi bei dëser Geleeënheet gewise gouf, ze gesinn