D'Agence eSanté Luxembourg am Mëttelpunkt vun der Healthtech Magazin Silicon

Presseartikel

De Magazine Silicon huet der Agence eSanté an engem vun hire wichtegste Servicer, dem elektroneschen Impfpass (CVE-Carnet de Vaccination Electronique), en Artikel dediéiert  
 

Silicon cover

Am Artikel mam Titel "The Electronic Vaccination Record: a significant technological advance in the Luxembourg's healthcare sector" ass en Interview mam Maud Delporte, Projektmanager vum  CVE bei der Agence eSanté, ze liesen an deem d’Virdeeler vum CVE ënnerstrach ginn.

Hei sinn déi wichtegst Virdeeler vum CVE:

  • Sécher Zentraliséierung: Den CVE späichert a geréiert d'Impfdonnéeën op eng sécher Manéier
  • Entscheedunshëllegf: En hëlleft den Dokteren déi néideg Impfunge fir e Patient ze bestëmmen
  • Automatesch Rappeller: n schéckt de Patienten Notifikatiounen e Mount iert déi nächst Impfung fälleg gett
  • Integratioun an de Gesondheetssystem: Mat der Zoustëmmung vum Patient ginn d'Donnéeën, déi am CVE gespäichert sinn, automatesch am elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) transferéiert fir esou de kompletten Impfhistorique ze hunn

Europäesch Reechweit: D'Konzept vun eisem CVE déngt als Modell am Kader vum EUVABECO-Projet bei deem d'Agence eSanté matmécht

De ganzen Artikel fannt dir hei