D'Agence eSanté hëlt un de “Portes Ouvertes” vum House of BioHealth deel

Agence

D’Agence eSanté war present op de « Journée Portes Ouvertes » vum House of BioHealth, déi de 16. September 2023 stattfonnt huet
 

Dësen Event war eng Geleeënheet fir d'House of BioHealth, ze weisen wéi d'digital Technologie de Gesondheetssecteur verännert an de Gesondheetsberuffler, Fuerscher an de Public en Abléck an déi lafend Innovatiounen ze ginn.

D'Agence huet vun dëse „Portes Ouvertes“ profitéiert fir hir digital Gesondheetsservicer ze presentéieren, wéi zum Beispill den DSP (Dossier de Soins Partagé) an de CVE (Carnet de Vaccination Electronique). D'Visiteuren haten d'Méiglechkeet méi iwwer dës Servicer gewuer ze ginn a hiren eSanté Kont direkt op der Plaz ze aktivéieren.

Méi Informatiounen iwwer eSanté Servicer?
Klickt hei.