Artikel iwwer den DSP publizéiert am „Luxemburger Wort“

Presseartikel

Den Hervé Barge, Direkter vun der Agence eSanté, huet en Interview am "Luxemburger Wort" iwwer d'Entwécklung an den Erfolleg vum DSP (Dossier de Soins Partagé) ginn
 

Image


An dësem Artikel, deen haut verëffentlecht gouf, an deen d'Funktionalitéit vum DSP a senger Entwécklung beschreift, erkläert den Här Barge datt d'Erwaardungen iwwer d'Benotze vun dësem eSanté Service gréisstendeels iwwertraff goufen. Tatsächlech sinn 925.000 Dossieren bis haut opgemaach ginn a ongeféier 150.000 gi reegelméisseg benotzt. Dës ganz positiv aktuell Zuele weisen op eng ganz villverspriechend zukünfteg Entwécklung vum DSP hin.

Wat d'Entwécklung vum Service selwer ugeet, ginn nei Funktiounen dobäigesat, wéi zum Beispill d’Imagerie médicale (Scanner, IRM an Röntgen), déi scho funktionell ass, an déi elektronesch Prescriptioun, déi deemnächst verfügbar wäert sinn. A fir d'Benotze vum DSP nach méi einfach ze maachen, gëtt et geschwënn eng mobil Applikatioun, déi den Zougang zum DSP iwwer Äre Smartphone erméiglecht.

Dir kënnt de kompletten Interview hei liesen. (op franséisch)