Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mat der Associatioun "ErwuesseBildung", zwou Informatiounssëtzungen (moies vu 9 bis 11 Auer op Lëtzebuergesch an nomëttes vu 14 bis 16 Auer op Franséisch) iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé).
Dës Sessiounen wäerten ënner anerem déi follgend Froe behandelen: Wat ass den DSP? Woufir gëtt e gebrauch? Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler? Wéi benotzen ech en? A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?
Dir kënnt Iech iwwer Telefon um +352 4796 2428 oder per E-Mail op seniorsactivites@vdl.lu umellen.