Fre 31 Okt
Informatiounsversammlung

Action "myDSP on tour" - Club Aktiv Plus

Den 31 Oktober 2025
14, rue de la Gare – 6117 Junglinster 09h30 - 11h00

Am Kader vun der Aktioun "myDSP on tour" organiséiert d'Agence eSanté, a Kollaboratioun mam Club Aktiv Plus An der Loupescht, eng Informatiounssëtzung iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP-Dossier de Soins Partagé).

Dës Sessioun wäert ënner anerem déi follgend Froe behandelen: Wat ass den DSP? Woufir gëtt e gebrauch? Wat sinn d'Virdeeler fir mech an d'Gesondheetsberuffler? Wéi benotzen ech en? A wéi ginn ech mengem Dokter Zougang?

Umeldungen si méiglech per Telefon op der Nummer 2755-3395 oder per E-Mail op club-loupescht@croix-rouge.lu