Weltkriibsdag – vereent duerch d'Eenzegaartegkeet

International

All Joer markéiert de 4. Februar de Weltkriibsdag, e wichtege Moment fir Bewosstsinn, Mobiliséierung a Solidaritéit op internationalem Niveau.

Mappe monde

Ënner dem Motto „Vereent duerch eis Ziler, eenzegaarteg duerch eis Besoinen“ erënnert dës Editioun un déi verschidden individuell Situatioune vun de betraffene Persounen, mee och un de gemeinsame Kampf an dem selwechten Zil: d'Auswierkunge vum Kriibs ze reduzéieren an Zougang zu Qualitéitsfleeg ze kréien.

Kriibspatienten duerchlafen e multidisziplinäre medezinesche Parcours, bei deem Koordinatioun an Informatiounsaustausch eng Schlësselroll spillen. Den Elektronesche Gesondheetsdossier (DSP – Dossier de Soins Partagé) spillt heibäi eng wichteg Roll, well hien:

  • erméiglecht d'sécher Deele vu medezineschen Donnéeën tëscht de verschiddene Gesondheetsberuffler
  • zentraliséiert d'Gesondheetsdate vum Patient, wat eng kohärent a passend Betreiung an all Situatioun erméiglecht
  • erlaabt dem Patient eng aktiv Roll ze spillen : direkten Zougang zu sengen Daten, d'Méiglechkeet wichteg Dokumenter dobäizefügen, souwéi Transparenz duerch Traçabilitéit vun den Zougrëffer.

Den DSP, e wichtegt Instrument fir d'Qualitéit vun der Fleeg an der Autonomie vum Patient ze stäerken.

 Fir méi Informatiounen iwwer den DSP: kuckt op eiser Info-Säit hei.

 Fir méi iwwer de Weltkriibsdag gewuer ze ginn.