Teleconsultatioun am Fokus

Agence

Zwou féierend Medien zu Lëtzebuerg beriichten iwwer de Gebrauch vun der Teleconsultatioun zu Lëtzebuerg wärend an no der COVID-Kris
 

Coup de projecteur sur la téléconsultation

Am "Luxemburger Wort" vum 6. Dezember 2022 betount den Artikel „La téléconsultation persiste au Luxembourg" d'Tatsaach, datt méi wéi 3.100 Gesondheetsberuffler sech bei dësem Service ugemellt hunn, an datt am Joer 2022 méi wéi 87.000 Teleconsultatiounen duerchgefouert goufen. Et gëtt weider gesot datt "d'Attraktivitéit vun der Teleconsultatioun net wäert verschwannen, mä éischter seng Plaz fir ganz spezifesch Situatiounen fannen".
 
E puer Deeg méi spéit, den 13. Dezember 2022, huet den „L’Essentiel“ gemellt, datt den eConsult Service (en nationalen Teleconsultatiounsservice vun der Agence eSanté) zënter senger Aféierung am Mäerz 2020, vun iwwer 10.000 Patiente benotzt gouf. Et gëtt weider gesot datt "d'Ausdeenung vun der Teleconsultatioun op aner Beräicher an Aktivitéiten a Betruecht gezu kéint ginn" an "d‘Akteuren aus dem Spidol a Fleegesecteur, hiren Interessi un dësem Service, fir spezifesch Besoinen an hirem Secteur ausgedréckt hätten (z.B. Teleconsultation am Kontext vun engem laangfristegen Openthalt).“


Wëllt Dir all dës Artikele liesen?
Klickt hei fir den Artikel am Luxemburger Wort.
Klickt hei fir den Artikel aus dem „L'Essentiel“

Dir wëllt méi Informatiounen iwwert den eConsult Service?
Klickt hei.