Säi Wëllen zur Organspend am DSP festhalen: e soziale Geste mat groussem Impakt!
Presseartikel
En Artikel, deen an der Zäitschrëft Revue 11/26 publizéiert gouf, ënnersträicht, wéi wichteg et ass, säi Wëllen zur Organspend auszedrécke bzw. festzehalen.
Mir erënneren drun, datt den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP – Dossier de Soins Partagé) Iech dobäi ënnerstëtzt.
Säi Wëllen am DSP festzehale bedeit:
- engem Patient an enger kritescher gesondheetlecher Situatioun eventuell kënnen ze hëllefen an him d’Chance op en zweet Liewen ze ginn
- Ärer Famill d’Decisioun an enger emotional schwéierer Situatioun ze vereinfachen
- d’Aarbecht vun den zoustännege Gesondheetsberuffler ze vereinfachen, an hinnen ze erméiglechen, séier ze handelen – wat besonnesch wichteg ass an deene Momenter, wou all Minutt zielt.
Liest de ganzen Artikel, andeems Dir hei klickt.
