„Rosa Oktober“: Den DSP am Fokus vu Letz be healthy

Presseartikel
An senger neister Editioun zum Thema „Rosa Oktober“ setzt de Magazine Letz be healthy den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) a seng Roll bei der Begleedung vu Broschtkriibspatientinnen an de Mëttelpunkt.

Den Artikel ënnersträicht, wéi den DSP de sécheren Informatiounsaustausch tëscht de Gesondheetsberuffler fërdert an esou zu enger besser koordinéierter Versuergung an enger méi effizienter Betreiung bäidréit.

Ausserdeem beliicht den Artikel d'Konzept vum DSP-Assistent, deen et engem Patient erlaabt, eng Vertrauenspersoun ze benennen, déi hie bei der Gestioun vu sengem Dossier ënnerstëtzt.

Méi Informatiounen zum DSP fannt Dir hei.

De kompletten Artikel kënnt Dir hei eroflueden.

Wëllt Dir méi iwwer déi national Campagne „Octobre Rose“ oder iwwer den nationale Programm fir d'Fréierkennung vu Broschtkriibs vum Gesondheets- a Sozialversécherungsministère, „Programme Mammographie“, gewuer ginn? Da besicht déi entspriechend Säit um Gesondheetsportal.