Accueil  >  Professionnelle Beräich  >  My DSP  >  Den DSP

Entdeckt hei eise Flyer iwwert d’Déngscht-leeschtunge vun der eSanté Plattform

Wëllt Dir en Iwwerbléck iwwert d’eSanté Déngschtleeschtungen, déi dem Gesondheetsberuffler op der eSanté Plattform ugebuede ginn ?

Dann consultéiert eise Flyer „Die Dienstleistungen der eSanté Plattform erhältlich für die Gesundheitsdienstleister in nur wenigen Klicks". Dëse gëtt Iech eng kuerz Beschreiwung vun de verschiddene Servicer, déi Iech zur Verfügung gestalt ginn. Hien gëtt Iech och en Iwwerbléck iwwert d’Softwareapplikatioune vun den Hausdokteren, déi mat der Plattform kompatibel sinn.

Néit Kommunikatiouns-mëttel disponibel

Niewent eiser allgemenger Newsletter, déi regelméisseg op eisem Portal erschéngt, kommunizéiere mir spezifesch Themen a wichteg Evenementer iwwert eis themespezifesch Newsletter, déi jee no Besoin erstallt an op eiser Websäit publizéiert gëtt.

Fir déi themespezifesch Newsletter, déi scho publizéiert goufen, erofzelueden, klickt w.e.g. hei.

Schreift Iech w.e.g. hei an, wann Dir Iech op dës themespezifesch Newsletter abonnéiere wëllt.

Parterschaften

Fannt hei eis Partner an hir kompatibel Systemer

Klickt hei, fir Zougrëff op d’Lëscht vun de Gesondheetsinstitutiounen an de Softwareprogrammer vun den Dokterpraxissen ze kréien, déi ewell mat der eSanté Plattform connectéiert sinn.

 

News !

D’Stëftung Hëllef Doheem benotzt déi geséchert Messagerie

 

D'Fondatioun Stëftung Hëllef Doheem huet kierzlech eng Kommunikatioun per gesécherte Mailaustausch agefouert, fir sou den Austausch vu Fleegeinformatioune mat den Dokteren ze vereinfachen an ze securiséieren.

Des Sécherung vun de Messagë geschitt duerch d’Benotze vum Service Messagerie Sécurisée , dee vun der Agence eSanté zur Verfügung gestallt gëtt.

 

Den DSP

  • Ausdréckbar Versioun
  • Op déi ursprénglech Taille zeréckkommen
  • D'Taille vum Text vergréisseren
  • Engem Frënd schécken
myDSP

Eng vun de wichtegsten Déngschtleeschtungen, déi vun der nationaler eSanté Plattform ugebuede gëtt, ass den gemeinsamen elektronesche Gesondheetsdossier “Dossier de Soins Partagé” (DSP). Dëst ass een elektroneschen Dossier zur gemeinsamer Notzung an zum Austausch vu Gesondheetsdonnéeën, tëschent a fir d’Gesondheetsdéngschtleeschter, déi un der Behandlung vum Patient bedeelegt sinn.

D’Haaptzil vum DSP ass den Austausch tëschent den Acteure vum Gesondheetswiesen ze fërderen an doduerch eng besser koordinéiert Versuergung vum Patient ze garantéieren.

Gläichzäiteg soll en de Bierger dozou encouragéieren, selwer och Responsabilitéit fir seng Behandlung a Fleeg ze iwwerhuelen.

Den DSP ass en Instrument dat d’Zesummenaarbecht tëschent de Gesondheetsdéngschtleeschter fërdert a gläichzäiteg och dem Patient zur Verfügung steet. Déi wesentlech Mierkmoler sinn:

  • E regroupéiert déi noutwenneg Gesondheetsinformatioune vum Patient fir d’Kontinuitéit an d’Koordinéierung vun der Versuergung ze garantéieren;
  • E fërdert den Austausch tëschent de Gesondheetsdéngschtleeschter;
  • E bitt dem Patient en ëmfaassenden Iwwerbléck vun all Notzung an doduerch eng vollstänneg Transparenz;
  • En ass keen Ersatz zum normale Patientendossier, dee vun all Gesondheetsdéngschtleeschter selwer gefouert gëtt.

 

D’Plattform entsprécht ganz héije Sécherheetsufuerderungen.

 

 

 

D’Identitéit vum Patient

Iwwert de richtegen an deeselwechte Patient ze schwätzen ass am Gesondheetswiesen eng absolut Noutwennegkeet. Dowéinst ass d’Aféierung vun engem nationale Patienterepertoire, deen all Propriétairë vun enger lëtzebuergescher Matricule ëmfaasst, onëmgänglech.

Zougrëffsrechter

Nëmmen unerkannt an enregistréiert Gesondheetsdéngschtleeschter, déi eng therapeutesch Relatioun mam Patient hunn, kréien Zougank op dem säin DSP.

De Patient decidéiert, wéi een/eng Gesondheetsdéngschtleeschter Zougrëff op säin DSP kréie soll(en).

D’Zougrëffsrechter sinn duerch ënnerschiddlech Benotzerprofiller definéiert. D’Beruffsgruppe vum Gesondheetsdéngschtleeschter bestëmmt déi jeeweileg Notzerprofiller a soumat och déi domat verbonnen Zougrëffsrechter.

All Zougrëff op den DSP ass fir de Patient visibel a kann vum Patient novollzu ginn.

D’Interoperabilitéit

Am Kontext vun de medezineschen an de Fleegedéngschtleeschtunge bedeit Interoperabilitéit: d’Méiglechkeet fir zwee oder méi Acteuren sech auszetauschen a medezinesch Informatiounen op déi selwecht Aart ze verstoen. Interoperabilitéit ass de Schlëssel fir d’Kontinuitéit bei der Patienteversuergung sécherzestellen an ze garantéieren, dass déi medezinesch Informatioune vum Patient während dem gesamte Prozess vun der Behandlung eendeiteg, koherent a verstänneg sinn.

Den DSP am Alldag

De Gesondheetsdéngschtleeschter kann entweder weiderhin mat senger eegener beruffsspezifescher Software schaffen, falls dës mat der eSanté Plattform kompatibel ass, oder awer mat der, vun der Plattform zur Verfügung gestalte Software.

Während der Consultatioun oder der Behandlung vum Patient kann de Gesondheetsdéngschtleeschter Informatiounen iwwert de Patient aus deem sengem DSP opruffen oder Dokumenter dran ofleeën, déi hie fir den Austausch mat de Kollegen oder mam Patient fir relevant hält.

“De Patient braucht meng Ënnerstëtzung bei der Gestioun vu sengem DSP”   

De Referenzdokter Tool

De Referenzdokter Tool ass eng Déngschtleeschtung, déi den Dokteren, déi zesumme mam Patient eng “Referenzdokter-Deklaratioun” ënnerschriwwen hunn, zur Verfügung gestallt gëtt.

 

Dësen Tool erméiglecht de Referenzdokteren, Gesondheetsinformatiounen iwwert de Verlaf vum Fleegeprozess vum Patient, deen un enger ALD (affection de longue durée – laangfristeg Krankheet) erkrankt ass, auszetauschen an hien ze iwwerwaachen, mam Zil d’Betreiung ze koordinéieren an eng optimal medezinesch Versuergung ze garantéieren. Fir dass de Patient des koordinéiert Betreiung notze kann, muss hien iwwert en aktivéierten elektronesche Patientendossier (DSP) verfügen.

Fir weider Informatiounen, klickt w.e.g. hei.

 

De Méiwäert vum DSP

Den DSP wäert mir erméiglechen:

  • en direkten Accès op behandlungsrelevant Patientendonnéeën ze hunn;
  • op eng méi einfach Manéier mat menge Kollegen ze kommunizéieren;
  • zu enger besserer Behandlung vu mengem Patient bäizedroen;
  • menge Patienten eng Kontinuitéit vun der Versuergung ze erméiglechen ;
  • den Austausch vu medezineschen Daten a Pabeierform ze reduzéieren.

Top