Accueil  >  Professionnelle Beräich  >  Mech umellen  >  Portail

Ech si Gesondheetsdéngschtleeschter, op mäi Beräich zougräifen

Et ass déi éischte Kéier, dass Dir Iech connectéiert

Als Éischt musst Dir Äre Konto aktivéieren.

Aktivéierung vun Ärem Kont

Fir op d’Servicer vun der Plattform zeréckgräifen ze kënnen, musst Dir als Éischt Äre Plattform-Kont aktivéieren. Klickt op déi entspriechend Tast “Mäi Kont aktivéieren” fir mat der Aktivéierung unzefänken. Halt Ären Aktivéierungscourrier bereet, deen Dir kierzlech per Post geschéckt krut. Hei fannt Dir all néideg Informatiounen, déi Dir fir d’Aktivéierung braucht.  

Zousätzlech Hëllefsinformatioune sinn am Dokument "Activation du compte eSanté pour professionnel de santé" enthalen, fir Iech eventuell bei der Aktivéierung ze ënnerstëtzen.

D’Aktivéierung vum Kont ass eng eemoleg Prozedur, déi nëmme bäi der éischter Notzung virgeholl gi muss. 

Sollt Dir nach Froen hunn, kontaktéiert eis.

 

Dir huet schonn e Kont

Dir kënnt op déi verschidde Servicer zeréckgräifen.

Wielt Är Umeldungsaart

Umeldung mat der LuxTrust-Kaart

Fir Iech mat der LuxTrust-Kaart unzemellen, stiecht d’Kaart an de Kaartelieser a gitt Äre PIN-Code am rëschte Feld an. Dës Verbindungsmethod bitt Iech déi héchste Sécherheet.

Umeldung mat OTP

Fir Iech unzemelle gitt w.e.g. Är Matricule an Äert perséinlecht Passwuert an. Wielt iwwer wéi e Wee Dir en Code à usage unique kréie wëllt (Mail oder SMS) a gitt dëse Code an. Dës Authentifizéierungsmethode bitt Iech net déi selwecht Sécherheet, déi d’Umeldung mat enger LuxTrust-Kaart bitt a gewäert soumat just e limitéierten Zougrëff op d’Servicer vun der Plattform.

 

Braucht Dir Hëllef oder praktesch Informatiounen ? Kontaktéiert eisen Helpdesk !

Braucht Dir Hëllef oder praktesch Informatiounen ?

 (+352) 27 12 50 18 33

 helpdesk@esante.lu

NEI!
Umeldung mat der elektronescher Identitéitskaart

Mir informéieren Iech, dass en Outil bei d’Aktivatiouns- an Umeldungsaarte fir Äre Plattform-Kont dobäikomm ass. Et handelt sech em déi elektronesch Identitéitskaart. Fir dës Identitéitskaart benotzen ze kennen, musst Dir dës als Éischt mat Ärem Kont verbannen. Fannt hei e klenge Benotzer-Guide, deen Iech déi eenzel Schrëtt vum Prozess virstellt.

Weider Informatiounen iwwert d'Méiglechkeeten Iech unzemelle fannt Dir hei.

Top