Accueil  >  Professionnelle Beräich  >  Healthnet  >  Healthnet

Healthnet

  • Ausdréckbar Versioun
  • Op déi ursprénglech Taille zeréckkommen
  • D'Taille vum Text vergréisseren
  • Engem Frënd schécken

Et ass d’Missioun vun der Agence eSanté, den Developpement vum Benotze vun den neien Informatiounstechnologien am lëtzebuergesche Gesondheetssecteur ze erlaben, fir sou den Austausch an d’Deele vu Gesondheetsdonnéeën op eng optimal a geséchert Manéier ze fërderen.

D’Agence benotzt a stellt de Gesondheetsetablissementer an de Gesondheetsdéngschtleeschter an dësem Kader en héich securiséierten informatesche Reseau, Healthnet-Reseau genannt, zur Verfügung, fir d’Ausféiere vun hire Gesondheetsdéngschtleeschtungen ze assuréieren, an dëst am Respekt vun der Confidentialitéit an dem Dateschutz.

D’Ziel vum Healthnet Reseau ass et och, d’Investissementer am Beräich vun der Sécherheet vun de Reseau-Equipementer ze rationaliséieren, duerch d’Benotze vun enger gemeinsamer Infrastruktur, d’Deele vun Déngschtleeschtungen an d‘Aféiere vun engem eenzege Kontaktpunkt.

Zougankskonditiounen

Den Zougank zum Healthnet-Reseau, sengen Déngschtleeschtungen an Applikatiounen, ass de Gesondheetsdéngschtleeschter souwéi den Institutiounen, déi am Gesondheetssecteur schaffen, virbehalen:

  • Spideeler
  • medezinesch-analytesch Laboratoiren
  • Dokteren
  • Gesondheetsdéngschtleeschter
  • Associatiounen aus dem Gesondheetsberäich
  • Fuerschungsinstituter, ...

 

D‘Déngschtleeschtungen

Den Healthnet-Reseau bitt de Gesondheetsetablissementer an de Gesondheetsdéngschtleeschter folgend Déngschtleeschtungen:

  • D‘Vernetzung tëschent de Gesondheetsdéngschtleeschter an de Gesondheetsetablissementer an d‘ Internetverbannung via e Proxyserver;
  • D’Remoteverbannung op de Reseau via VPN a staark Authentifizéierung ;
  • D’Zur Dispositioun Stelle vun E-Mail Servicer
  • Hosting vu virtuelle Serveuren; an
  • Reseau-Equipementer an – Déngschtleeschtungen: reverse proxy, IDS, DNS, NTP, NAT, …

 

D’Vernetzung

Den Healthnet-Reseau wennt e puer Technologien un, fir de Gesondheetsdéngschtleeschter an de klengen Organisatiounen ze erlaben, sech mam Reseau ze verbannen:

  • SecureConnect (S-Box); an
  • SSL-VPN (Token).

 

D’Abonnement op d’Remoteverbannung geschitt via den Aschreiwungsufro-Formular fir den Healthnet-Reseau, deen Dir op dëser Säit fannt.

Wann den Uschloss un d’Infrastruktur vun engem Gesondheetsetablissement, dat mam Healthnet-Reseau verbonnen ass, noutwenneg ass, muss d’Ufro am Virfeld vun dësem via den Aschreiwungsufro-Formular geneemegt ginn.

Fir eng Ännerung vun Ärem Zougank oder bei Froen, wennt Iech w.e.g. direkt un den HealthNet Servicedesk:

Tél.: (+352) 2462-3030
Fax: (+352) 2660-5080
E-Mail: servicedesk@healthnet.lu

Aschreiwungsformular

Dir kënnt dës Aschreiwungsformulare benotzen

 

Ännerungsufro

Benotzt w.e.g. dëse Formular

 

Sécherheetspolitik (pdf) w.e.g. ënnerschreiwen a mat der Demande fir Zougank an enger Kopie vun Ärer Identitéitskaart un eis schécken.

 

Präislëscht

Fannt hei eis Präislëscht andeems Dir op dëse Link klickt.

 

Bei Froen oder fir eng Ännerung vun Ärem Zougank, wennt Iech w.e.g. direkt un den HealthNet Servicedesk:

Tel:  2462-3030
Fax: 2660-5080

E-Mail: servicedesk@healthnet.lu

Top