Accueil  >  Professionnelle Beräich  >  De Referenzdokter Tool  >  De Referenzdokter Tool

Weider Informatiounen iwwert den elektronesche Gesondheets-
dossier

De Referenzdokter Tool

  • Ausdréckbar Versioun
  • Op déi ursprénglech Taille zeréckkommen
  • D'Taille vum Text vergréisseren
  • Engem Frënd schécken

Den DSP am Kader vum Referenzdokter Dispositif

Den DSP am Kader vum Referenzdokter Dispositif

De Referenzdokter Tool agefouert am Kader vum Referenzdokter Dispositif

De “Referenzdokter Tool” ass eng Déngschtleeschtung, déi de Generalisten a Kannerdokteren  zur Verfügung gestallt gëtt, déi eng medezinesch Grondversuergung ausserhalb vum Spidolssecteur ubidden an déi zesumme mam Patient eng “Referenzdokter-Deklaratioun” ënnerschriwwen hunn.

Fir dass e Patient den Dispositif Médecin Référent an Usproch huelen dierf:

muss hien un op mannst enger ALD (affection de longue durée – laangfristeg Krankheet) erkrankt sinn, vun där d’Gravitéit an de chronesche Charakter eng laang undauernd Behandlung an eng ëmfangräich Koordinatioun verlaangen, opgrond vun der Interventioun vu méi Gesondheetsdéngschtleeschter. D’ALD’en sinn an der Annexe 1 vum Ofkommes tëscht der Nationaler Gesondheetskeess an der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren definéiert, dat am Mémorial vum 20. Oktober 2015 publizéiert gouf. Et handelt sech dobäi em eng Lëscht vun 32 laangfristege Krankheeten, wei zum Beispill Multipel Sklerose, Alzheimer oder Parkinson-Krankheet, Mukoviszidose, etc. Fir d’Lescht ze consultéieren, klickt hei.

muss hien iwwert en aktivéierten elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) verfügen, de perséinlechen a gesécherte Gesondheetsdossier, dee vun der Agence eSanté zur Verfügung gestallt gëtt.

De Referenzdokter Tool, deen op der eSanté Plattform ugebuede gëtt, erlaabt et de Referenzdokteren, d‘Gesondheetsinformatiounen am Verlaf vum Fleegeprozess vum Patient auszetauschen an ze iwwerwaachen, a vereinfacht hinne soumat d’Ausféiere vun hire Missiounen déi am Artikel 19bis vum Sozialgesetzbuch definéiert sinn: d’Betreiung ze koordinéieren an eng optimal medezinesch Versuergung ze garantéieren.

Speziell des koordinéiert Versuergung gëtt duerch 2 Dokumenter vereinfacht, déi am Kader vum Referenzdokter-Dispositif obligatoresch mussen am DSP vum Patient ofgeluecht ginn.

Resumé vun de Prestatiounen: Dëse Relevé gëtt all Joer vun der Nationaler Gesondheetskeess an den DSP vum Patient ofgeluecht (Déi national Gesondheetskeess kann nëmmen Dokumenter am DSP vum Patient ofleeën, sie kann op kee Fall Informatiounen, déi am DSP dra sinn, liesen oder änneren.) De Resumé vun de Prestatiounen ëmfaasst all d’Leeschtungen, déi vun der Kranken-, Maternité-, Onfall- a Fleegeversécherung am Laf vun deene leschten dréi Joer iwwerholl gi sinn. E kann vum Patient a vu sengem Referenzdokter consultéiert ginn.

De Patienteresumé: Et handelt sech em e standardiséiert Dokument, dat déi wichtegst medezinesch Informatiounen ëmfaasst, fir eng sécher a geséchert Betreiung ze garantéieren. De Referenzdokter aktualiséiert dëst Dokument no all Kontakt mam Patient, fir all neit pertinent klinescht oder therapeutescht Element am Zesummenhang mam Gesondheetszoustand vum Patient, an noutwenneg fir d’Fleegekoordinéierung tëschent de Gesondheetsdéngeschtleeschter anzedroen. Op Nofro vum Patient erkläert de Referenzdokter him den Inhalt vum Patienteresumé a gëtt him eng gratis Kopie dovun. Dëst Dokument ass fir d'Dokteren, déi de Patient betreien, consultabel, ënnert der Konditioun dass dësen hinnen en Zougangsrecht op séin DSP ginn huet.

De Referenzdokter huet Zougang op de Referenzdokter Tool iwwert de Multiservice-Portal www-esante.lu oder iwwert seng Beruff-Software, wann des kompatibel mat der eSanté Plattform ass. Hien kann iwwert séin eSant-Plattformkont drop zougräifen, andeems hien sech mat senge perséinlechen Umeldungselementer, déi hien vun der Agence e-Santé erhal huet, a mat senger perséinlecher LuxTrust-Kaart connectéiert.

Fir weider Informatiounen iwwert de Refezenzdokter Tool, kontaktéiert w.e.g. eisen Helpdesk par E-Mail (helpdesk@esante.lu) oder per Telefon um Nummer (+352) 2712 5018 33.

Fir weider Informatiounen iwwert de Referenzdokter-Dispositif, consultéiert hei eng Froen-Äntwerten-Lëscht.

 

   

Rétrospective eHGI

  • 25/06/2014 -5th Meeting of the eHealth Network

    Publish date: 6/25/2014 5:00 PM Visible to public: Yes Category: News Annotation: ​At its 5th meeting, 13 May 2014 in Athens, the eHealth Network...

    Méi wëssen

Top