Accueil  >  Patienteberäich  >  Mech umellen  >  Portail Patient

Ech si Patient, op mäin DSP zougräifen

Et ass déi éischte Kéier, dass Dir Iech connectéiert

Als Éischt musst Dir Äre Konto aktivéieren

Kuckt déi erklärend Videoen

Aktivéierung vun Ärem Kont

Fir op d’Servicer vun der Plattform, wouzou den DSP gehéiert, zeréckgräifen ze kënnen, musst Dir als Éischt Äre Plattform-Kont aktivéieren. Klickt op déi entspriechend Tast “Mäi Kont aktivéieren” fir mat der Aktivéierung unzefänken.

Halt Ären Aktivéierungscourrier bereet, deen Dir kierzlech per Post geschéckt krut. Hei fannt Dir all néideg Informatiounen, déi Dir fir d’Aktivéierung braucht.  

Zousätzlech Hëllefsinformatioune sinn am Dokument « Comment activer mon compte » enthalen, fir Iech eventuell bei der Aktivéierung ze ënnerstëtzen. D’Aktivéierung vum Kont ass eng eemoleg Prozedur, déi nëmme bäi der éischter Notzung virgeholl gi muss. 

Wann Ären DSP aktivéiert ass, entdeckt an eisem Guide "Ich navigire in meinem DSP", wéi Dir e benotze kennt.

Sollt Dir nach Froen hunn, kontaktéiert eis.

 

Dir huet schonn e Kont

Dir kënnt op déi verschidde Servicer zeréckgräifen

Braucht Dir Hëllef oder praktesch Informatiounen ? Kontaktéiert eisen Helpdesk !

Helpdesk

  (+352) 27 12 50 18 33

  helpdesk@esante.lu

Dir huet nach keen DSP

Frot d’Ëffnung vum DSP als fräiwëllege Patient un


Klickt hei fir d‘Ufro erofzelueden
Fëllt et aus an ënnerschreift et an schéckt et un d’Adress helpdesk@esante.lu zeréck.

NEI!
Umeldung mat der elektronescher Identitéitskaart

Mir informéieren Iech, dass en Outil bei d’Aktivatiouns- an Umeldungsaarte fir Äre Plattform-Kont dobäikomm ass. Et handelt sech em déi elektronesch Identitéitskaart. Fir dës Identitéitskaart benotzen ze kennen, musst Dir dës als Éischt mat Ärem Kont verbannen. Fannt hei e klenge Benotzer-Guide, deen Iech déi eenzel Schrëtt vum Prozess virstellt.

Weider Informatiounen iwwert d'Méiglechkeeten Iech unzemelle fannt Dir hei.

Top