Accueil  >  Patienteberäich  >  FAQ - Heefeg gestallte Froen  >  FAQ - Heefeg gestallte Froen

FAQ - Heefeg gestallte Froen

  • Ausdréckbar Versioun
  • Op déi ursprénglech Taille zeréckkommen
  • D'Taille vum Text vergréisseren
  • Engem Frënd schécken
Den DSP am Generellen
Wat ass de gemeinsame Fleegedossier ?

De gemeinsame Fleegedossier, oder DSP, regroupéiert all d'Informatiounen iwwert den Gesondheetszoustand vum Patient. De Patient ka säin Dossier selwer verwalten, oder enger Vertrauenspersoun aus dem Gesond-heetssekter, wéi zum Beispill sengem Referenzdoktor dës Aufgab iwwerdroen.

Ersetzt den DSP de Patientendossier deen déi verschidden Déngschtleeschter aus dem Gesondheetssekter hunn ?

Den DSP soll d’Patientendossieren deen déi verschidde Professionell aus dem Gesondheetssekter hunn op kee Fall ersetzen. De « Gesondheetsplattform » stellt awer duerch hieren « Portail multi-service » de Gesondheetsberuffler berufsspezifesch Applikatiounen zur Verfügung déi am Laf vun der Zäit erweidert kënne ginn.

Wéi eng Informatioune stinn a mengem DSP?

Den DSP enthält déi Informatiounen déi déi Professionell aus dem Gesondheetsberäich wichteg fannen fir d’Kontinuitéit vun der medezinescher Versuergung an der Fleeg ze garantéieren

Top