Pathologie- a Zytologieberichter elo am DSP verfügbar

Gesondheets News
Zënter dem 1. Oktober 2026 ginn déi vum Nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) erstallte Pathologie a Zytologieberichter am elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) integréiert.
Médecin consultant documents sur son ordinateur

Dës Entwécklung markéiert en neie Schrëtt beim Zougang vun de Patienten zu hire Gesondheetsdaten, an an der progressiver Erweiderung vun den Dokumenter, déi am DSP verfügbar sinn.

Zougangsmodalitéiten, déi der sensibeler Natur vu bestëmmten Informatioune Rechnung droen

Pathologesch Befunder(1) ginn am DSP gespäichert, bleiwen awer fir de Patient gespaart. E Gesondheetsberuffler mat autoriséiertem Zougang zum Patientendossier kann d'Dokument entspären, fir et dem Patient zougänglech ze maachen an him déi néideg Erklärungen ze ginn, sou datt hien den Inhalt vollstänneg a richteg versteet. Dës Moossnam berécksichtegt d'Sensibilitéit vun den Informatiounen, déi an dëse Befunder enthale sinn, déi heiansdo technesch Komplexitéit vu medezinesche Fachbegrëffer, an d‘ Wichtegkeet vun enger medezinescher Begleedung bei der Iwwermëttlung vu Resultater.

Zytologesch Befunder(2) sinn dogéint fir de Patient direkt a sengem DSP accessibel, soubal se verfügbar sinn.

Eng schrittweis Integratioun vun den Testresultater

D'Integratioun vun de pathologeschen an zytologesche Befunder ass Deel vun enger méi breeder Approche, déi dorop ausgeriicht ass, den DSP no an no ëm déi verschidde Kategorien vun Ënnersichungsresultater ze erweideren.

Laangfristeg wäert dës Entwécklung et de Patienten erlaben, hir Gesondheetsdate méi einfach anzegesinn, wärend gläichzäiteg eng ugepasste Betreiung bei Resultater garantéiert gëtt, déi eng medezinesch Erklärung erfuerderen.

Den neien DSP-Quickguide fir Patienten eroflueden.

Den neien DSP-Quickguide fir Gesondheetsberuffler eroflueden.

(¹) Pathologie: Ënnersichung vu Geweebeprouwen, déi beispillsweis am Kader vun enger Biopsie oder engem chirurgeschen Agrëff entholl goufen. Si erméiglecht d'Diagnos vu Krankheeten, besonnesch vu Kriibserkrankungen, an d'Bestëmmung vun hire Charakteristiken.
(²) Zytologie: Ënnersichung vun Zellen, déi duerch en Ofstréch, eng Punktioun oder eng aner Form vu Prelevement gewonne goufen. Si erméiglecht et, Verännerungen an den Zellen z'erkennen, zum Beispill am Kader vun der Virsuerg géint Gebärmutterhalskriibs.