Participatioun vun eisem Generaldirekter um Tour de France vun der Strategie fir d’Beschleunegung vun der digitaler Gesondheet
Dës Etapp vum digitale Gesondheetstour duerch Frankräich – geduecht fir d‘Leit ze treffen déi an hirer Regioun fir digital Gesondheet zoustänneg sinn - huet Regioun vum Grand-Est viséiert, déi am Häerz vun Europa läit a bal 760 km Grenzen ëmfaasst.
Bei enger Table Ronde mam Titel « Comment encourager les parcours de soins transfrontaliers ? » huet den Hervé Barge den europäesche grenziwwerschreidenden Austauschprogramm "MaSanté@UE" virgestallt, un deem d'Agence eSanté deelhëlt, souwéi dem CVE (Carnet de Vaccination Eléctronique) deen zu Lëtzebuerg agefouert gouf.
Am Nomëtteg huet d'Maud Delporte, CVE-Projetsmanager vun der Agence, un engem Workshop deelgeholl, wou si iwwert d'Portabilitéit vum CVE vum europäesche Bierger diskutéiert huet.
Klickt hei fir méi Informatiounen zu den eSanté Servicer.
