Participatioun vun der eSanté Agence um ICT Spring Event

Agence

E Freideg den 1. Juli 2022 huet d'Agence eSanté un "ICT Spring" deelgeholl, dem alljärlechen féierenden Event am Beräich vun der Innovatioun, déi Konferenzen, Ausstellungen an Demonstratioune vun den neisten Trends an technologeschen Innovatioune kombinéiert
 

Participation de l’Agence eSanté à l’événement ICT Spring

Fir seng Editioun 2022, huet ICT Spring, en hallwen Dag fir HealthTech organiséiert, deen als Haaptsujet  "Iwwer d’Grenzen eraus" hat.

D'DG Santé vun der Europäescher Kommissioun (Generaldirektorat fir Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet), vertrueden duerch den Här Kustra-Mano, huet bei dëser Geleeënheet d'Haaptlinne vun der europäescher e-Santé Strategie an dem Programm "EU4Health" presentéiert, esou wéi och d‘Spezifikatioune vun der europäescher Regulatioun fir den Europäesche Raum fir Gesondheetsdaten opzebauen.

Am Uschloss war eng Table Ronde, moderéiert vun eiser Mataarbechterin Daisy Smet, ronderëm d'Thema „Digital Transformatioun am Gesondheetsberäich: Wou steet d'EU? Siicht vun e puer europäeschen e-santé Gesondheetsagencen“. An dësem Fall waren et d'Agencen aus Portugal, Frankräich a Lëtzebuerg, vertrueden duerch d'Isabel Meneses, d‘Camille Cloître an eisem Mataarbechter Heiko Zimmermann, déi iwwer den aktuelle Stand vun der Aféirung vum grenziwwerschreidenden Austausch vu Gesondheetsdaten informéiert hunn. Duerno hunn déi dräi Vertrieder an den Här Kustra-Mano (per Videokonferenz) iwwer d’Ausdeenung vun der Palette vun e-santé Servicer, déi am Kader vum EU4Health-Programm geplangt sinn, diskutéiert. Si hunn och hir Visioun gedeelt, wéi den europäesche Raum vu Gesondheetsdonnéeën de Leit kann hëllefen d'Kontroll iwwer hir eege Gesondheetsdaten ze hunn an sou zu enger besserer Gesondheetsfleeg, Fuerschung an Innovatioun bäidroe kann.

Weider Informatiounen iwwer: