Offizielle Start vun der Pilotphas vum System fir d’Prescriptioun vu kierperlecher Aktivitéit (PAP- Prescription d’Activité Physique)
De Ministère fir Gesondheets- a Sozialversécherung huet haut den offizielle Start vun der Pilotphas vum System fir d’Prescriptioun vu kierperlecher Aktivitéit (PAP) bekannt ginn.
Dëse Projet gouf an Zesummenaarbecht mam Sportsministère, dem Nationalen Institut fir kierperlech Aktivitéit a Sport, der FLASS, dem Cercle des Médecins Généralistes an der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Sportmedezin entwéckelt. Den digitalen Tool, deen d’Ausstelle vun enger PAP erméiglecht, gouf vun der Agence eSanté entwéckelt an ass ab elo fir d’Doktere, déi un dëser Pilotphas deel huelen, iwwer d‘eSanté-Portal mat hirem eSanté-Kont zougänglech.
Bis Enn 2026 riicht sech dës Pilotphas un erwuesse Patienten, déi un enger kardiovaskulärer Krankheet, enger onkologescher Krankheet an/oder un Typ-2-Diabetes leiden an déi kierperlech net, oder kierperlech net ausräichend aktiv sinn. D’eligibel Persoune kënnen eng Prise en charge vun de Bäiträg fir bis sechs Méint, bei de Partnerassociatiounen, déi ugepasste Sportcoursen ubidden, kréien. Dës Coursë sollen eng progressiv Reprise vun der kierperlecher Aktivitéit erméiglechen an zur Reduktioun vun de Symptomer bäidroen. Dobäi handelt et sech ënner anerem ëm d’Lëtzebuerger Associatioun vun Häerzsportgruppen, d’Lëtzebuerger Associatioun vun onkologesche Sportgruppen, Think Pink, d’Fondation Cancer an d’Lëtzebuerger Diabetiker-Vereenegung.
Et gëtt aktuell driwwer nogeduecht, weider Formatioune fir Dokteren z’organiséieren,fir de System fir aner interesséiert Dokteren opzemaachen.
Déi operationell an déi qualitativ Aspekter vum PAP-System ginn am Laf vum Joer, an um Enn vun der Pilotphas kontinuéierlech evaluéiert. Bei dëser Evaluatioun wäerten och d’Erfarunge vun de verschreiwenden Dokteren, de Patienten an de Memberassociatioune vun der FLASS berücksichtegt ginn.
Kuckt hei de Pressecommuniqué vum M3S fir méi Informatiounen.
