Neie grenziwwerschreidenden Austausch vum Résumé Patient tëscht Lëtzebuerg a Kroatien

Agence

Am Kader vun der Agence hiren Aktivitéiten am europäesche Projet CEF - eHDSI, si mir houfreg Iech matzedeelen, datt säit dem 15. September 2021, Dokteren hei am Land, Zougang zu de Résumé Patient vu kroatesche Staatsbierger hunn, déi wärend hirem Openthalt ze Lëtzebuerg en Dokter consultéieren.

 

échange transfrontalier

D'Ëmsetzung vun dësem Service fir den Austausch vu medezineschen Date mat Kroatien ergänzt déi existent Verbindunge mat Portugal, Malta an der Tschechescher Republik.

D'Aféierung vun dësem grenziwwerschreidenden Austausch vu medezineschen Donnéeën um europäeschen Territoire, soll zur besserer Patienteversuergung bäidroen an d‘Betreiung iwwer Grenzen ewech erliichteren.

Méi Informatioun iwwer dëse Service fannt Dir hei.