Nei Zefriddenheet Ëmfro iwwert den DSP

Agence

Méi wéi ee Joer nom Start vum generaliséierten Erféieren vum DSP (Dossier des Soins Partagé), huet d'Agence eSanté, d'Firma TNS-Ilres beoptragt eng Ëmfro ze maachen, mam Zil d'Meenung vun den DSP Benotzer zu dësem Service ze ermëttelen

Image

D'Äntwerte vun den 825 Leit, déi matgemaach hunn, weisen datt e reellen Interesse um DSP besteet. Hei e puer Beispiller:

  • 68% vun de Benotzer sinn allgemeng zefridden mat hirem DSP
  • Méi wéi 8 vun 10 Persounen kënnen erkläre wat den DSP ass
  • 69% vu de Leit gesinn d'Zentraliséierung vun de Gesondheetsinformatiounen als d‘Haaptfunktioun vum DSP un
  • 84% wëllen datt d'Impfdonnéeën an hirem DSP ze fannen sinn an 83% d‘medezinesch Biller (Röntgen, Scanner …)
  • 74% fannen den einfachen Accès op den DSP zefriddestellend an 82%  fannen de sécheren Zougrëff zefriddestellend

Wëllt Dir méi Informatiounen iwwert den DSP?

Klickt hei fir de neie Flyer erofzelueden oder hei fir déi heefeg gestallte Froen (FAQ) ze gesinn.

Brauch Dir Hëllef bei der Gestioun vun Ärem DSP?

Da kontaktéiert w.e.g. eisen Helpdesk: