Nei Funktioun an der MyDSP-App
Agence
D’MyDSP-App gouf weiderentwéckelt, fir d’Begleedung vun de Benotzer ze vereinfachen. Wann Dir elo vun enger Persoun als Assistent vun hirem DSP benannt gitt, kënnt Dir hiren Dossier direkt iwwer d’App consultéieren.
Den DSP (Dossier de Soins Partagé, elektronesche Gesondheetsdossier) erméiglecht jidderengem, eng Vertrauenspersoun aus sengem Ëmfeld ze benennen, déi him hëlleft, säin Dossier ze geréieren oder dëse souguer a senger Plaz ze verwalten. Dës Funktioun ass besonnesch nëtzlech fir Leit, déi Schwieregkeete mat der Digitaliséierung hunn.
Dank dëser Neierung bitt d’MyDSP-App eng vereinfacht Navigatioun: Dir kënnt ganz einfach op den DSP vun der Persoun zougräifen, déi Iech benannt huet, a si bei allen Etappe begleeden.
E Fortschrëtt, deen d’Accessibilitéit an d’géigesäiteg Hëllef verbessert, andeems een d’Technologie an den Déngscht vun der Solidaritéit stellt.
Lued elo de Benotzerguide erof, fir all d‘Funktioune vun der MyDSP-App ze entdecken.
