Nationalen Aktiounsplang fir digital Inclusioun 2026–2030
De 4. Februar 2026 huet d’Stéphanie Obertin, d’Ministerin fir Digitaliséierung, den zweeten Nationalen Aktiounsplang fir digital Inclusioun (2026–2030) virgestallt, un deem méi wéi 30 Acteure vum ëffentlechen a private Secteur souwéi aus Associatione matgeschafft hunn.
De Plang soll de Besoine vun den am meeschte benodeelegte Bevëlkerungsgruppen entgéintkommen a sécherstellen, datt d’digital Transformatioun der ganzer Bevëlkerung zegutt kënnt. En ëmfaasst 249 Initiativen, déi sech op sechs strategesch Hiewele konzentréieren, dorënner besonnesch d’Stäerkung vun den digitale Kompetenzen an d’Erliichterung vum Zougang zur Digitaliséierung.
D’Agence eSanté dréit ënner anerem duerch hir Initiativ „DSP on Tour“ zu dësen zwee Ziler bäi. Dobäi handelt et sech ëm eng Rei vun Informatiounsveranstaltungen zum Thema „Dossier de Soins Partagé“ (DSP; elektronesche Gesondheetsdossier), déi a Kollaboratioun mat verschiddenen Organisatiounen a Vereenegungen am ganze Land organiséiert ginn. D’Zil vun dëse Veranstaltungen ass et, iwwer d’Virdeeler vum DSP ze informéieren, iwwer d’Méiglechkeete vum Zougang fir d’Gesondheetsberuffler an doriwwer, wéi den Titulaire vun engem DSP en „DSP-Assistent“ benennt – eng Vertrauenspersoun, déi berechtegt ass, den Dossier zesumme mam oder amplaz vum Titulaire ze geréieren. Dëst entsprécht iwwregens och engem vun deenen anere wichtegen Objektiver um nationalen Aktiounsplang, nämlech der Méiglechkeet fir Persoune mat digitale Schwieregkeeten, enger Vertrauenspersoun de Mandat ze ginn, fir verschidden digital Schrëtt a sengem Numm auszeféieren.
Sidd Dir interesséiert, a Kollaboratioun mat der Agence eSanté eng DSP on Tour-Veranstaltung fir Äre Veräin / Är Organisatioun ze organiséieren? Kontaktéiert eis hei.
Méi Informatiounen zum DSP hei.
Den nationalen Aktiounsplang fir digital Inclusioun 2026–2030 fannt Dir hei.
