myDSP op Tour: D'Agence eSanté zu Schëffleng fir z'informéieren an ze begleeden

eSanté News
Den 1. Juli 2026 huet d'Agence eSanté, an Zesummenaarbecht mam Club Aktiv+ Schëffleng, eng Informatiounssëtzung iwwer den Elektronesche Gesondheetsdossier (DSP-Dossier de Soins Partagé) ofgehaalen.
Membre de l'Agence expliquant le DSP à un groupe de personnes

Den Event, deent am Club Haus beim Kiosk stattfonnt huet, huet de Participanten erméiglecht, sech mat der praktescher Notzung vum DSP vertraut ze maachen, besonnesch wat d'Androe vu Gesondheetsdokumenter an d'Gestioun vun den Zougrëffsrechter ugeet. Wärend der Sëtzung gouf och drun erënnert, datt d'Patienten hiren eSanté-Konto elo direkt iwwer hire perséinleche Beräich op MyGuichet.lu mat engem LuxTrust-Produkt oder der lëtzebuergescher elektronescher Identitéitskaart (eID) aktivéiere kënnen. Domat gëtt den Zougang zum DSP wesentlech vereinfacht.

Dës Initiativ ass Deel vum Engagement vun der Agence eSanté, d'Biergerinnen an d'Bierger bei der Notzung vun digitale Gesondheetsservicer ze begleeden. Dobäi geet si aktiv op d'Leit zou, an d'Gemengen an aner lokal Strukturen, fir d'Informatioun, d'Verständnis an d'digital Selbststännegkeet ze stäerken.

Fir méi iwwer eis nächst Aktivitéiten um Terrain gewuer ze ginn, kuckt an eisen Evenementskalenner.