myDSP on tour mécht Halt zu Housen !
Informatiounsversammlung
Donneschdeg, den 23. Oktober 2025, huet am Kulturzenter zu Housen eng weider Etapp vun der Aktioun „myDSP on tour“ stattfonnt, organiséiert vun der Agence eSanté a Kollaboratioun mam Club Haus Op der Heed.
Dësen Informatiounsowend huet de Participanten d’Geleeënheet ginn, den elektronesche Gesondeetsdossier (Dossier de Soins Partagé – DSP) am Detail kennen ze léieren – e wichtegt Instrument fir d’Koordinatioun vun der Fleeg ze verbesseren an den Informatiounsaustausch tëscht de Gesondheetsberuffler, déi am Betreiungsprozess vum Patient agebonne sinn, ze erliichteren.
D’Veranstaltung war gepräägt vu wäertvolle Gespréicher a staarker lokaler Participatioun, wat de wuessenden Intressi un digitale Gesondheetsléisungen ënnersträicht.
Hutt Dir Loscht, un enger vun eisen nächsten Informationssessiounen deelzehuelen?
Kuckt eisen Evenementskalenner, fir déi nächst Datumer an Ärer Géigend ze fannen:
